top of page

Portes Ouvertes zu Housen - 17. & 18. Oktober 2026

vor 10 Stunden
1 Min. Lesezeit

Verschidde Betriber an der Industriezone Op Der Hei zu Housen maachen hir Dieren op – an och mir vu Veiner Weissert si mat dobäi.

Bei eis erwaart Iech e ganze Weekend mat verschiddenen Abléck an d’Welt vun natierlecher an nohalteger Gestaltung.


𝗦𝗛𝗢𝗪𝗥𝗢𝗢𝗠 & 𝗣𝗘𝗥𝗦É𝗜𝗡𝗟𝗘𝗖𝗛 𝗕𝗘𝗥𝗢𝗗𝗨𝗡𝗚

Samschdes & Sonndes vun 10.00 - 18.00 Auer

Eise Showroom ass béid Deeg fir Iech op. Vu Moleraarbechten, Faarwen & Tapeten iwwer Kalkbotz bis zu Buedembeläg – entdeckt verschidden Material, Uewerflächen a Gestaltungsméiglechkeeten.

Kommt eran, loosst Iech inspiréieren a schwätzt mat eis iwwer Är Iddien.


𝗥𝗘𝗚𝗜𝗢𝗡𝗔𝗟𝗘𝗡 𝗠𝗔𝗔𝗥𝗧

Samschdes vun 10.00 - 18.00 Auer

Zousätzlech erwaart Iech Samschdes bei eis e regionale Maart mat verschiddenen Stänn aus der Géigend – mat Metzler, Wäin, handgemaachten Bijouen, Sportskleedung a villes méi.


𝗛𝗔𝗡𝗗𝗪𝗜𝗘𝗥𝗞 𝗔𝗨𝗦𝗣𝗥𝗢𝗕É𝗜𝗘𝗥𝗘𝗡

Sonndes vun 10.00 - 14.00 Auer

Däin éischte Schrëtt an d`Handwierk vum Usträicher. Komm laanscht, probéier

aus a pack mat un. Kritt e klengen Abléck an eisen Alldag a léiert eist Team kennen.


17. & 18. Oktober 2026

10.00 - 18.00 Auer

32, ZAER Op der Héi | L-9809 Housen


Kommt laanscht – mir freeën eis op Iech!


Weider deelhuelend Betriber:

Miwwelstrooss (Ameublements Thill)





Blog Aktuelles News Veiner Weissert Malerbetrieb Maler Malerunternehmen Norden Fassade Fassadensanierung Renovierung Modernisierung Anstrich Tapezierarbeiten Bodenbelag Innenausbau Dachausbau Dekorative Wandgestaltung Akustik Schallschutz Sonnenschutz Sichtschutz Fugenloses Badezimmer Kalkputz Lehmputz LED Gestaltung Mauerentfeuchtung Schimmelwand Hosingen Housen Luxembourg Luxemburg

 
 
bottom of page