top of page
WIR SIND FÜR SIE DA - VEREINBAREN SIE JETZT IHREN TERMIN
PORTE OUVERTE BEIM VEINER WEISSERT
Save the date - 28.09.2025

Mir invitéieren Iech häerzlech op eise Porte ouverte um neie Site zu Housen - en Dag voller
Informatiounen, Inspiratiounen a Genoss!
DATUM? Sonndeg, den 28. September 2025
WOU? Um neie Site vum Veiner Weissert - 32, ZAER Op der Héi L-9809 Housen
AUERZÄIT: Vu 10 bis 17 Auer
INFORMATIV LIVE-VIRTRÄG
FIRWAT GËTT MENG FASSAD GRÉNG?
Auerzäit: 10.00
Presentateur: Andreas Roth (Firma Keimfarben)
Fassaden an eiser Géigend veralgen ëmmer méi - egal ob gréng, schwaarz oder rout. Firwat geschitt dat? Wat kann een dogéint maachen - a wéi kann een virbeugen? Mir erklären d´Zesummespill vu Material, Ausrichtung, Fiichtigkeet a méi.
WÉI GESTALTEN ECH E GESOND DOHEEM - MAT STIL A NOHALTEGKEET?
Auerzäit: 13.00
Presentateur: Team Veiner Weissert
Wéi leeft eng Zusummenaarbecht mat eis? Wat fir Materialien benotze mir - a firwat? Wat ass eisen Konzept? Egal ob Fassaden, Plafong, Mauer oder Buedem - mir bidden e komplette System a schaffen mat spezialiséierte Partner fir eng Léisung aus enger Hand.
WÉI FINANZÉIEREN ECH MENG ÖKOLOGESCH DÄMMUNG - NOHALTEG?
Auerzäit: 14.00
Presentateur: Andreas Roth (Keimfarben)
Eng Dämmung kascht - mee duerch d´Subventiounen an Lëtzeburg ass en natierlech Dämmung oft net méi deier wéi EPS, bitt awer vill méi Wäert a manner Entsuerungsrisiko. Mir weisen Iech déi wirtschalftlech a ëmweltfrëndlech Méiglechkeeten.
NATIERLECH SCHÉIN WÄNN - FIRWATT ASS SUMPFKALLEK DÉI BESCHT WIEL?
Auerzäit: 15.00
Presentateur: Peter Rehberger (Kalkkind Manufaktur)
Wat ass Sumpfkallek? Firwat ass en sou gesond fir d´Raumklima? A wéi een Ënnerscheed besteet zum industriellen Kalkbotz? Mir weisen konkret Uwendungen a gestaleresch Méiglechkeeten.
INFORMATIOUNSSTÄNN & BERODUNG
Léiert eis Fournisseuren an eis Aarbechtsweis kennen. Op all Stand fannt Dir informationen zu:
-
Dämmaterialien (Holzfaser, Kalziumsilikat, uvm.)
-
Schéin an effizient Akustikléisungen
-
Naturbotz, Sumpfkallek & Pigmentéierung, a méi
-
Technesch Berodung & Subsidienfäegkeet
-
Tapéiten & Faarwen
AMBIANCE & ANIMATIOUN
-
Live-Musik mat der Houser Music ab 11 Auer
-
Iessen a Gedrénks vun lokalen Produzenten
-
Kanneranimatioun
-
Frëndlech Ambiance & Zäit fir Gespréicher
Dir plangt e Projet? Renovéiert? Baut nei?
Kommt laanscht, stellt Är Froen, a loost Iech inspiréieren
Eis Equipe steet Iech den hanzen Dag zur Verfügung.
bottom of page