top of page

PORTE OUVERTE BEIM VEINER WEISSERT 

Save the date - 28.09.2025

Malerhut mit 200 Jahre .png
Mir invitéieren Iech häerzlech op eise Porte ouverte um neie Site zu Housen - en Dag voller
Informatiounen, Inspiratiounen a Genoss! 

DATUM?  Sonndeg, den 28. September 2025

WOU? Um neie Site vum Veiner Weissert - 32, ZAER Op der Héi L-9809 Housen

AUERZÄIT: Vu 10 bis 17 Auer

INFORMATIV LIVE-VIRTRÄG

FIRWAT GËTT MENG FASSAD GRÉNG?

Auerzäit: 10.00
Presentateur: Andreas Roth (Firma Keimfarben)
​Fassaden an eiser Géigend veralgen ëmmer méi - egal ob gréng, schwaarz oder rout. Firwat geschitt dat? Wat kann een dogéint maachen - a wéi kann een virbeugen? Mir erklären d´Zesummespill vu Material, Ausrichtung, Fiichtigkeet a méi. 

WÉI GESTALTEN ECH E GESOND DOHEEM - MAT STIL A NOHALTEGKEET?

Auerzäit: 13.00
Presentateur: Team Veiner Weissert
Wéi leeft eng Zusummenaarbecht mat eis? Wat fir Materialien benotze mir - a firwat? Wat ass eisen Konzept? Egal ob Fassaden, Plafong, Mauer oder Buedem - mir bidden e komplette System a schaffen mat spezialiséierte Partner fir eng Léisung aus enger Hand.

WÉI FINANZÉIEREN ECH MENG ÖKOLOGESCH DÄMMUNG - NOHALTEG?

Auerzäit: 14.00
Presentateur:  Andreas Roth (Keimfarben)
Eng Dämmung kascht - mee duerch d´Subventiounen an Lëtzeburg ass en natierlech Dämmung oft net méi deier wéi EPS, bitt awer vill méi Wäert a manner Entsuerungsrisiko. Mir weisen Iech déi wirtschalftlech a ëmweltfrëndlech Méiglechkeeten.  

NATIERLECH SCHÉIN WÄNN - FIRWATT ASS SUMPFKALLEK DÉI BESCHT WIEL?

Auerzäit: 15.00
Presentateur: Peter Rehberger (Kalkkind Manufaktur)
Wat ass Sumpfkallek? Firwat ass en sou gesond fir d´Raumklima? A wéi een Ënnerscheed besteet zum industriellen Kalkbotz? Mir weisen konkret Uwendungen a gestaleresch Méiglechkeeten. 

INFORMATIOUNSSTÄNN & BERODUNG

Léiert eis Fournisseuren an eis Aarbechtsweis kennen. Op all Stand fannt Dir informationen zu:
 
  • Dämmaterialien (Holzfaser, Kalziumsilikat, uvm.)
  • Schéin an effizient Akustikléisungen
  • Naturbotz, Sumpfkallek & Pigmentéierung, a méi
  • Technesch Berodung & Subsidienfäegkeet
  • Tapéiten & Faarwen 

AMBIANCE & ANIMATIOUN

  • Live-Musik mat der Houser Music ab 11 Auer
  • Iessen a Gedrénks vun lokalen Produzenten
  • Kanneranimatioun
  • Frëndlech Ambiance & Zäit fir Gespréicher  

Dir plangt e Projet? Renovéiert? Baut nei? 

Kommt laanscht, stellt Är Froen, a loost Iech inspiréieren

Eis Equipe steet Iech den hanzen Dag zur Verfügung. 

bottom of page