Skip to main content
Kalkkind - Sumpfkalk - Naturputz - Feuchtigkeitsregulierenden - Mineralischen | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Entfiichtung a Renovéierung aus enger Hand

Fir vill Leit geheiert e mustesche Geroch sou wéi Salzeffloreszenz oder ofgebliiederten Botz emmer an e Keller. “E Keller ass ëmmer e bësse fiicht”, ass déi allgeméng Meenung – awer dat ass guer net richteg. Fiicht Flecken op de Maueren oder eng allgemeng ze héich Fiichtegkeet an der Raumloft vum Keller sinn Warnungssignaler datt d’Fiichtegkeet vum Buedem oder vu baussen andréngt. Dës Fiichtegkeet accumuléiert sech a verdeelt sech an d’Struktur vum Buedem an de Maueren. Wann dësen Iwwerschoss vu Fiichtegkeet ondetektéiert an onbehandelt bleift, féiert dat zu laangfristege Schied. Schimmelbildung ass just ee vun hinnen.
Kal Maueren an eng kal Buedemplack suergen dofir datt d’Haus sou ze soen ‘kal Féiss’ huet,. An en Haus reagéiert net anescht wéi mir Mënschen: et killt och an denen aneren Etagen uerwen of. Als Resultat gëtt méi Heizung gebraucht an d’Ausgaben fir Heizkäschte sinn an ärem Portemonnaie bemierkbar.

Beachtec Vorher Nachher | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Firwat kann d’ Fiichtegkeet an e Keller andréngen?

Nass Kelleren oder fiicht Kellermaueren kënnen verschidden Ursaachen hunn. Engersäits ganz offensichtlech, zum Beispill no enger Iwwerschwemmung oder engem Rouerbroch. Mee och, verstoppte Mängel während der Bauphase sinn e heefegen Grond fir Waasser am Keller, déi awer dacks wärend Joren net festgestallt oder entdéckt gin.
Hutt Dir Renovéierungsaarbechten an Ärem Keller gemaach? Wann nei Kellerfensteren falsch installéiert sinn oder Feeler an der thermescher Isolatioun gemaach gouwen, ginn et och Plazen fir Waasser oder Fiichtegkeet anzedréngen
Schlussendlech ass d’Wieder Säit vun der Fassad och ufälleg. Ëmmer vill Reen géint d’Fassad an bleift déi Haus Säit am Schied, entsteet mat der Zäit e kontinuéierlech naasst a kalt Klima. Als Resultat wäerten irgendwann Fiichtegkeetsschied um Sockel vun der Fassadbasis oder am Interieur vum Rez-de-Chaussée oder am Keller optrieden – en Zeechen datt d’Mauerwierk elo sou ze soen, ‘gesättegt’ ass, an dringend eppes muss gemaach ginn!

Wéi geet de Veiner-Weissert bei enger Mauerentfiichtung fir?

Wann eis besuergte Client´en uruffen well sie een Fiichtegkeetschued entdeckt hunn, fuere mer sou séier wéi méiglech op t´Platz. Hei analyséiere mir de Schued a kënne schon aus Experienz schätzen wéi déif d’Fiichtegkeet an d’Mauerwierk agedrongen ass. Zum Beispill : gin  et well haaptsächlech Waasserflecken um Botz, oder fällt de Botz vun der Mauer of? Ass schon Schimmel entstanen – vläicht och an de Raim uewen driwer? Mir fannen och schon eraus ob d’Waasser duerch Säitewand andréngt oder duerch d’Buedemplack eropkennt oder ob et sech em Kondensatiounsfiichtegkeet vu kale Brécke handelt. Mir begéinen normalerweis Schimmel wéinst Kondensatiounsfiichtegkeet an Wunnraim oder an deenen Kellerraim, déi als Hobbykeller oder Gäschtezemmer benotzt ginn. D’Ursaach hei ass datt héich Loftfiichtegkeet op déi niddereg Uewerflächentemperaturen zousteisst. No der éischter Analyse vun der Schuedsituatioun, beroden mir Iech am Detail iwwer d’Optioune fir de Schued ze behierwen.

Wann et en eemolege Waasserschued ass, zum Beispill wann Reewaasser no engem staarke Reen duerch d’Liichtbrunnen gaang ass oder e Rouerbroch onentdeckt bliwen ass, kann et zimmlech einfach reparéiert ginn. Mir droen den onfesten Botz a Faarwschichten of bis mir un déi stabil Uewerfläch kommen. Mir kennen op die nei Struktur eisen natierleche Kalkékbotz opdroen well en eng héich Fähegkeet huet fir Fiichtegkeet ze regléieren (Liest hei méi iwwer eis natierleche Kalkékbotz.)

BEACHTec Wand Entfeuchtung: Net deier an ouni gréisser Konstruktiounsmesuren

Mir vum Veiner-Weissert si frou, datt mir eise Clienten eng Zort Mauerentfiichtung ubidden kennen, déi ouni gréisser oder invasiv Konstruktiounsmoossnamen duerchgefouert kann ginn: de BEAChtec Prozess benotzt keng chemesch Substanzen, stéiert net d’Statik vum Haus a léisst all Raim och während der Trocknungsphase bewunnbar. Zur selwechter Zäit ass dës Zort vu Mauertrocknung ëmweltfrëndlech, harmlos fir d’Gesondheet, zouverléisseg a preiswert. Dat kléngt bal ze gutt fir wouer ze sinn? Well mir sou iwwerzeegt vu BEACHtec Mauerentfiichtung sin, gi mir Iech d´Suen zréck falls desse System seng Arbecht net ging erfellen. Awer wat ass dat Besonnescht fir iwwer dës nohalteg Method Kellermaueren ze entfiichten?

  1. D’Mauerentfiichtung ass zäitspuerend: d’Installatioun vum BEACHtec System, besteet aus engem Steiergerät an enger Zuel vu Mauer- a Buedemsonden, an dauert nëmmen e puer Stonnen. Wann de Messapparat eng iwwerduerchschnëttlech Fiichtegkeet feststellt, fänkt se direkt un ze schaffen – soss bleift de System am energiespuerende Standby-Modus.
  2. Et gëtt kee Magnéitfeld: An all Gebai gëtt et e sougenannte potenziellen Gradient tëscht Mauerwierk a Buedem. Verschidde physikalesch Gesetzer veruersaachen datt dësen Gradient ausgeglach gett, sou datt Waasser aus dem Buedem an d’Mauerwierk andrengt. BEACHtec verhënnert dëse potenzielle Gradient mat Stréimungen am Niddregvoltberäich – komplett harmlos, net bemierkbar an ouni Magnéitfeld. Awer héich effektiv!
  3. Mir adaptéieren de System un är d´Haus: All BEACHtec System ass individuell a präzis un déi jeeweileg Immobilie ugepasst. Vun der Analyse vun der Baugeschicht bis zur elektronescher Fiichtegkeetsmessung an Analyse vum Temperaturprofil op de Maueren bis zur Verglaichmessung bannen a baussen mat fotografescher Dokumentatioun, gi mir op all Schued perséinlech an individuell an.
  4. D’Mauerentfiichtung ass fir all Projet gëeegent: Wéinst der individueller Astellung ass BEACHtec als Trocknungsprozess fir bal all Zort vu Gebaier gëeegent. Ob Mauerwierk, verschidde Grad vu Salinitéit oder verschidde Baumaterial: Mir adaptéieren d’Entwässerung perfekt. A well keng Chemiesubstanzen benotzt gin, ass BEACHtec och gëeegent fir Gebaier am Denkmalschutz.
  5. Dir kritt eng transparent Dokumentatioun – an eventuell och är Suen zréck: Mir kënnen den Trocknungsprozess genau duerch reegelméisseg Miessunge dokumentéieren. Dir kritt d ‘Comparativ Wäerter tëscht dem initialen Wäert an de Kontrollmiessungen no 6 Wochen an no 6 Méint. Wann de Prozess net de gewënschten Erfolleg bréngt, kritt Dir är Suen zréck ouni Wenn und Aber.
Beachtec Plan | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Wat geschitt nodeems d’Maueren gedréchent hunn?

Wann d’Fiichtegkeet an de Maueren gedréchent ass, ass et Zäit fir ze renovéieren oder ze saneieren. Als Ustreicher-Spezialist si mir och är Kontaktpersoun hei an decidéiere mat wéi eng Materialien benotzt gi fir d’Maueren ze restauréieren. Eis éischt Wiel ass de Wanddesign mat Sumpfkalkind® vun KalkKind®: wéinst sengen natierlechen Eegeschafte ass Sumpfkalk op fir Diffusioun a Fiichtegkeetskompenséierend – dëst mécht et de perfekte Partner fir den Design vu Keller a Wunnzëmmer. Also vergiesst onsiichteg Kellerraim mat engem mëschen Geroch a benotzt äre Keller als zouverléisseg Späicherplatz oder zousätzleche Wunnraum. Well mat BEACHtec an den Experten vum Veiner Weissert, kënnt Dir och potenziell Fiichtegkeetsschied am viraus vermeiden.

Wëllt Dir méi wësse wéi Dir är Kellermauer dréchen kritt, oder gëtt et eng spezifesch Schuedensfall? Mir wieren frou Iech op der Plaz ze beroden an Iech d’Méiglechkeeten ze weisen, déen Wanddrainage an den Design mat Kalkékbotz ze weisen an unzebidden. Mir freeën eis op Är E-Mail oder ruffen.