Wärmedämmung

fir e kuscheleg-waarmt Doheem

 
 

Energiespuere war ni méi einfach

Héichwäerteg Wärmedämmverbondsystemer fir dobannen an dobausse sinn den effizientste Wee,
fir héich Energiekäschten ze reduzéieren an e kuscheleg-waarmt Doheem fir d’ganz Famill ze schafen.
Fir dës Dämmaarbechte benotze mir nëmme mineralesch, fiichtegkeetsreguléierend an net brennbar
Dämmstoffer, déi d’Heizungskäschten drastesch reduzéieren an ausserdeem och eng Wäertsteigerung
vun Ärem Haus erméiglechen. Dank enger enormer Reduzéierung vun de Schuedstoffemissioune sinn déi
benotzt Materialien och äusserst ëmweltschounend a suergen och esou fir e méi gesond Raumklima an eng
méi héich Wunnqualitéit. Ausserdeem si mir och an der Lag, mat den Dämmmaterialie vu bekannten Hiersteller
Rëss sécher z’iwwerbrécken an d’Bausubstanz vun Ärem Haus optimal z’erhalen. Dermat d’Haus näischt vu senger
Schéinheet verléiert, kënnen all eis Dämmverbondsystemer mat attraktive Botzstrukturen a Faarwen optesch
opgewäert ginn. Vertraut och Dir op eis héichwäerteg Wärmedämmung a profitéiert vu bis zu 50 %
Energieerspuernesser!

Wat mir fir Iech maachen…

  • Fassadendämmung
  • Daachdämmung
  • Kellerplafong-Dämmung
  • Bannendämmung mat mineraleschen, net brennbare Silikat-Dämmplacken

Leeschtungen