Usträicheraarbechten

Maueren, déi Äre Wënsch entspriechen

 
 
 
 

Vum Neibau bis zum Renovatiounsprojet

Dir wëllt an Ärem neien Haus eng méi ausgefale Mauergestaltung, déi all d’Blécker op
sech zéit oder Dir wëllt de Mauere vun Ärem alen Haus neit Liewen anhauchen?

Wëllt Dir d’Kannerzëmmer an en Dschungel verwandelen, deen op Entdeckungsrees aluet
oder Ärem Doheem mat enger professioneller Fassadgestaltung eng speziell Touche ginn?

De Veiner Weissert ass Ären zouverlässege Partner fir Usträicheraarbechte vun all Zort.
Ëmmer um neiste Stand kenne mir déi aktuellst Faarf- an Tapéittendenzen a verwandelen
Är Raim a richteg Wuelfilloasen, an deenen Dir ganz entspaant Är Zäit verbrénge kënnt. Deelt
eis Är Iddie mat oder loosst Iech an eisem Showroom zu Housen iwwert all d’Méiglechkeete vun enger
individueller Gestaltung beroden – mir suergen dofir, dass Är Wunndreem an Erfëllung ginn.

Loosst Iech vun eise Referenzen inspiréieren

          Mir soen Hinnen Merci fir Hiert vertrauen.

Mir wënschen eisem Client Logomotif vun Housen vill Spaass an vill Erfolleg mat senger neier Ausstellung,
déi mir am Industrie-Look ëmgestalten däerften.
Maueren hunn mir mat enger Phototapéit an rouder Zillen Optik tapezéiert an Eisen Balleken, Wendeltrap, Gelänneren an Dieren am Anthraziten RAL 7016 emlackéiert.

Wat mir fir Iech maachen…

Dobannen

  • Tapéiten
  • Dekorbotz
  • wunngesonden Designverbotz an Ustrach
  • Wärmedämmung
  • Schimmelsanéierung
  • Brand- a Waasserschued-Sanéierung

Dobaussen

  • Tapéiten
  • Dekorbotz
  • wunngesonden Designverbotz an Ustrach
  • Wärmedämmung
  • Schimmelsanéierung
  • Brand- a Waasserschued-Sanéierung

Leeschtungen