NATIRLECH. SCHÉIN. WUNNEN.
Am Neibau, bei Ëmbau-, Renovatiouns- oder Modernisatiounsaarbechte bitt den Trockenbau eng ganz
Rei Méiglechkeeten, fir eng individuell a passgenau Raumopdeelung ze gestalten, déi Plaz fir d’ganz Famill schaaft.
Sou huet besonnesch d’Ausbaue vum Daach grousst Potenzial, fir neie Wunnraum ze schafen. Ob Kannerzëmmer,
Dressing oder Wellness-Tempel – benotzt déi gewonne Plaz, fir Iech laang erseent Dreem z’erfëllen
oder der Kreativitéit an engem Hobbyraum fräie Laf ze loossen. Mat eisem fachmänneschen Ausbau kann
den Daach als vollwäertege Wunnraum benotzt ginn a bitt Plaz fir nei Iddien. Trespaverkleedunge vun Trespa®
Meteon® erméiglechen als architektonesch Bekleedunge vun nächster Generatioun ausserdeem am
Fassadeberäich eng super Ästhetik, déi sech op Wonsch mat villen anere Materialie wéi Holz oder Metall
kombinéiere léisst. Och a puncto Akustik a Schallschutz iwwerzeegen eis Trockenbau-Léisungen.
Loosst Iech iwwert all d’Méiglechkeete beroden a leet Ären Trockenbau a vertrauensvoll Hänn – Veiner Weissert.


Wat mir fir Iech maachen…
- Trockenbau
- Daachausbau
- Trespaverkleedung
- Akustik
- Schallschutz