NATIRLECH. SCHÉIN. WUNNEN.
Faarweg gemustert oder klassesch wäiss, fir dobannen oder dobaussen –
eis mat Léift ausgewielt Rideauen an héichwäerteg Stoffer wäerten Iech iwwerzeegen.
Sou schaaft Dir net nëmmen e flotten openeen ofgestëmmte Gesamtandrock vun Äre Wunnraim,
mä bitt ausserdeem och Schutz viru Sonnestralen an indiskret Blécker. Dir entscheet dobäi selwer,
ob Dir Ärem Doheem léiwer mat faarwege Rideauen, trendege Storen, héichwäertege Plisséen oder engem op
Mooss gemaachte Raumtrenner eng speziell Touche gitt. Gäre berode mir Iech ausféierlech a perséinlech
iwwert déi verschidde Stoffer, Designer an all d’Méiglechkeete rondrëm eist villsäitegt Sortiment, dat Dir an
eisen Ausstellungsraim zu Housen am Detail betruechte kënnt. Ob Sonneschutz fir d’Terrass oder stilvolle
Wabeplissé – villes ass méiglech!
Loosst Iech vun eise Referenzen inspiréieren
Wat mir fir Iech maachen:
- Plisséen
- Storen
- Wabeplisséen
- Raffrolloen
- Flächerideauen
- Schiberideauen
- Billerschinnen