Fassaden

d'Visittekaart vun Ärem Haus

 
 
 
 

Fassadenaarbechten aus Meeschterhand

D’Fassad ass d’Visittekaart vun Ärem Haus. Si ass dat éischt, wat ee gesäit, an huet e bedeitenden Afloss
op de Gesamtandrock vun engem Objet. Ob bei der Renovatioun, der energetescher Sanéierung oder beim
Neibau vun engem Haus – bei der Gestaltung vun der Fassad kënnt et op zwee wichteg Punkten un:
Si muss e séchere Schutz viru Wand, Wieder an aneren Ëmweltaflëss bidden a soll wa méiglech zum Stil
vum Haus passen. D’Ëmgéigend, Luuchtaflëss an eventuell bestoend Oplage vum Denkmalschutz mussen
onbedéngt bei der Fassadgestaltung berücksichtegt ginn. Mir beroden Iech och gär méi genau a perséinlech
iwwert all d’Méiglechkeeten, fir Äert Haus fonkelnei anzekleeden. Schutz a Schéinheet optimal matenee
verbonnen – De Veiner Weissert ass Ären zouverlässege Partner!

Liest e puer Referenze vun eiser Fassadgestaltung duerch

Wat mir fir Iech maachen…

  • Verbotzaarbechten an Nei- an Albauten
  • Dämmung mat ekologeschen, net brennbaren Dämmmaterialien
  • Ustrach vu Botz-, Blech- an Holzfassaden
  • Beschrëftungen aller Aart
  • Renovatioun vun denkmalgeschützten Objeten
Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Leeschtungen