NATIRLECH. SCHÉIN. WUNNEN.
Wat maachen, wa Fiichtegkeet am Haus d’Raumklima beanträchtegt, d’Mauere fiicht an de Keller naass sinn a
Schimmelpilz sech am ganzen Haus ausbreet?
Mat eise BeachTec–Mauerentfiichtungsanlage bidde mir
Iech eng ekologesch an ekonomesch virdeelhaft Léisung un – an zwar ganz ouni Opbau vun engem Magnéitfeld,
ouni den Asaz vu Chimie, ouni statesch Verännerungen an ouni grouss Baumoossnamen.
Eis héichmodern Entfiichtungsanlage kënne beispillsweis bei entstoender Fiichtegkeet a Kelleren a
Wunnraim agesat ginn oder bei Fiichtegkeetsproblemer a Biedem, baussechten a bannechte Maueren
a Verwëllefer benotzt ginn. Och beim Optriede vu Schimmel an där domat verbonne schlecht Loftqualitéit
kënne mir Iech mat eisen ekologesche Léisungen hëllefen. De System eegent sech ausserdeem perfekt fir
denkmalgeschützt Objeten, vue dass et bei der Entfiichtung zu kenger Verännerung vun der chemescher
Zesummesetzung vun de Baustoffer kënnt an och d’Statik net duerch dës Behandlung beanträchtegt gëtt.
Sot och Dir fiichte Maueren a Schimmel de Kampf un!