Familljebetrib an der aachter Generatioun

De Veiner Weissert ass e Familljebetrib mat laanger Traditioun, dee säi Sëtz zu Housen huet.
Am Joer 1825 gegrënnt, huet d’Geschicht vun eisem Usträicherbetrib zunächst mat verschiddenen
Aarbechten als einfachen Dagesaarbechter a spéider mat Opträg als Usträicher an der Regioun ugefaangen.
Aus dëser Traditioun eraus huet sech schliisslech d'”Peinture ROGER” ënnert der Direktioun
vum Henri Roger entwéckelt, déi spéider vum Leo Roger iwwerholl an zu der
“Veiner Weissert S. à r. l.” ëmfirméiert gouf. D’Firma steet haut ënnert der Direktioun vum Gil Roger
a befënnt sech also scho säit aacht Generatioune fest a Familljenhand.

eis Equipe

4

Büro Aarbechter
Reception, Sekretärin a Comptabilitéit

2

Techniker
mat Meeschterleefbréiwer, déi fir den Client Service responsabele sinn

16

ausgebilte Maler

8

Verbotzer

2

Trockenbauer

2

Lehrlinge
Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Et ass eis extrem wichteg, den individuelle Wënsch an Ufuerderunge vun eise Cliente gerecht ze ginn. Dofir fannt Dir an eisem moderne Showroom eng flott Auswiel un Tapéiten, Faarfmustere fir dobannen an dobaussen, sou wéi u Buedembeläg, Teppecher a Rideauen. Mir beroden Iech och gär perséinlech iwwert déi verschidden Techniken an neisten Interieur-Tendenzen a verwandelen Äert Haus an e wonnerschéint Doheem.

De Veiner Weissert – hei gi Wunndreem wouer!

Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

EIS STÄERKTEN:

  • Benotzung vun ekologeschen an nohalteg duerchduechte Produkter
  • Ausféierung vu klengen a groussen Opträg a gewinnter héijer Qualitéit
  • Aarbechten un usprochsvolle Privatobjeten, Nei- an Albauten sou wéi Mietwunnengen
  • pénktlech Ausféierung vun den Aarbechten
  • séier an héichwäerteg Optragsausféierung
  • propper, zouverlässeg a präiswäert Aarbechtsmanéier
  • Servicer fir Leit, déi schaffen, an eeler Leit (z. B. Aus- an Araume vu Miwwelen)
  • professionell organiséiert Zesummenaarbecht mat anere Fachbetriber wéi Elektriker, Schräiner, Sanitär oder Plätterchersleeër
Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach
Showroom | Veiner Weissert SàRL - Hosingen by Gil Roger ( VW ) Clervaux - Diekirch - Ettelbrück - Wiltz - Wincrange - Troisvierges - Weiswampach

Eise Service am Iwwerbléck:

  • gratis Faarfberodung an eisem moderne Showroom oder bei Iech doheem
  • gratissen Devis
  • gratis 3D-animéiert Faarfberodung fir Är Fassad, bei Optrag inklusiv Digitalfoto
  • Vakanzeservice: Dir gitt an d’Vakanz, mir renovéiere bei Iech doheem

Leeschtungen